D'Equipe

frankwiltgen

FRANK WILTGEN

Ech hunn an de leschte Jore vill Erfarung am Beräich vum Bau vun ëmweltfrëndlechen Holzhaiser zu Lëtzebuerg gesammelt. Awer ech verspieren och zënter laangem e Bedierfnes fir op déi eng oder aner Manéier zur « Verbesserung » vun eiser Ëmwelt bäizedroen, wat mech, am Laf vun de Joren op d’Iddi bruecht huet d’Wäerter an déi spirituell Gedanken an eisen Alldag z’integréieren. Mam Wonsch fir eng méi mënschlech, sozial an transparent Dimensioun an d’Handels- an an d‘Immobiliewelt ze bréngen, hunn ech zesumme mat mengem Frënd a laangjäregem Associé Pol Mattern d’Konzept «FeelGoodHouse» entwéckelt.

polmattern

POL MATTERN

Nodeems ech wärend e puer Joer am Vertrieb vun ëmweltfrëndlechen Holzhaiser zu Lëtzebuerg geschafft hunn, konnt ech feststellen, datt d’Clientèle zu Lëtzebuerg sech ëmmer méi fir de Bau vun engem Holzhaus interesséiert, mä awer och déi zolidd traditionnell stenge Konstruktioun sicht. Dëst huet mech motivéiert zesumme mat mengem Frënd a laangjäregem Associé Frank Wiltgen d’Konzept «FeelGoodHouse» z‘entwéckelen. D’Entwécklung vum Konzept «FeelGoodHouse» huet mir erlaabt festzestellen, datt et fir mech net nëmmen eng Manéier ze bauen ass, mä et kënnt nach d‘Philosophie dobäi fir beim Verännere vum Handelsvirgoen ze hëllefen, déi mat der Kombinatioun vum Respekt vun eisem Planéit, der Natur, den zukünftege Generatiounen an dem Deele verbonnen ass.

andremaerker

ANDRE MAERKER