Eis Philosophie


Am Sënn vum Deelen an eisem Verantwortungsgefill géintiwwer besonnesch aarme Persoune si 5% vum Gewënn vun all eise Projete bestëmmt fir benodeelegte Famillen „en Daach iwwer dem Kapp » ze finanzéieren.

Philosophie FeelGoodHouse / Bewosst-Sënn

D’Grondiddi ass fir keng « Maximéierung vum Gewënn » z’erzilen.

Nëmme mat der Behaaptung vun dësem Saz gi mir géint déi üüblech alldeeglech Handelspraktiken.

Et handelt sech ëm d’Visioun vun enger neier « Geschäftswelt » mat Kritären, déi engersäits op der Iddi vum Deelen a vum Respekt an anerersäits op der Gewënnrealisatioun opgebaut sinn, déi et jidderengem erlaben ze liewen.

E wesentlechen Aspekt besteet doran den zukünftege Besëtzer Wuelbefannen a Gesondheet an den Haiser ze bidden, déi mir bauen. D’Iddi ass also an enger éischter Phas eppes ze ginn éier mir eppes an der zweeter Phas kréien.

Obwuel datt « d’Kréien » net nëmmen op finanziellem Niveau besteet, mee och um Niveau vun der Zefriddenheet, déi mir vun de Famille fir déi mir bauen, erëmkréien.

D’Freed an engem Ëmfeld ze liewen, dat op d’Wuelbefannen an d’Gesondheet ausgeriicht ass, erlaabt eis dës Freed mat de Bauhären an den Hausbesëtzer ze deelen, wat eis eng onvergläichlech Zefriddenheet bréngt.

Déi meescht Leit hu schonn d’Erfarung an hirem Liewe gemaach, datt d’Freed vum Schenken eng vun den intensiivste Freeden ass.

Mir sinn der Meenung, datt eis Missioun net nëmmen doraus besteet fir d’Leit ze bauen, mä och fir se fir verschidden Themen ze sensibiliséieren, déi mat Respekt an Deelen ze dinn hunn. Soumat besteet e wichtegen Deel vun eiser Aarbecht doran eng Botschaft ze vermëttelen, onofhängeg dovun, ob mir fir dës Leit bauen oder net.

Mat eiser Manéier ze bauen, respektéiere mir de Mënsch, d’Natur an eis zukünfteg Generatiounen.

Dëst bréngt automatesch mat sech, datt mir eis exklusiv op d’Notze vun natierlechen, ëmweltfrëndlechen, nohaltegen, recycléierbare Baustoffer, déi an hirem mechaneschen Zesummebau trennbar sinn, limitéieren, nom Prinzip:

« nëmmen eng Wunneng bauen, an där s du perséinlech wunne géifs».

Mir wielen akribesch d’Baustoffer aus, déi an eise Konstruktioune verschafft gi fir de Famillen z’erlaben en Deel (e wichtegen Deel) vun hirem Liewen an engem gesonden Ëmfeld an enger Wuelfillatmosphär ze verbréngen.

Mir kënnen net gläichgülteg bleiwe vis-à-vis vum Misär, der Gefor an der mënschlecher Nout, déi eis ëmgëtt, wat eis erëm op d’Iddi vum Deelen zréckbréngt an esou 5% vun eisem Gewënn aus all Immobilieprojet fir benodeelegt Famille bestëmmt sinn, fir hinnen en Daach iwwer dem Kapp ze finanzéieren.

De Prinzip ass et an eise Regioune mat eise relativ bedeitende Mëttel en Daach iwwer dem Kapp vun eise Clienten ze schafen, a parallel dozou op enger anerer Plaz op der Welt mat engem vill méi bescheidene Budget Famillen en Heem ze schenken, déi net d’Chance hunn an eisem Land gebuer ze sinn.

Et handelt sech also net nëmmen ëm d’Deele vun der Freed fir an engem gesonden a verantwortungsbewossten Ëmfeld ze liewen, mä och d’Zefriddenheet, d’Natur an eis zukünfteg Generatioune respektéiert an eppes bei en Hëllefswierk bäigesteiert ze hunn.

Sou gouf den Numm vun eiser Gesellschaft « bewosst-Sënn » net zoufälleg gewielt an erënnert ënner anerem och jiddereen drun, datt e verantwortlech fir seng Handlungen ass, an et geet ëm e Bewosstginn um Niveau vun der verantwortungsbewosster Konstruktioun a vum Deele vum Verméigen. Et dréit sech also ëm eng Ideologie, déi mir probéieren an eng Welt anzeféieren, déi dacks sief richteg oder falsch als « kal » oder « skrupellos » ugesi gëtt.

Et ass wichteg, datt jidderee vun eis, fir sech selwer a bei sech selwer ufänkt ze probéieren zu der Entwécklung op der Welt a vun der Mënschheet bäizedroen, andeems e sech op sozial Wäerter zoubewegt, amplaz op d‘Maximiséiere vum Gewënn.

Mir sinn iwwerzeegt, datt d’Mënschheet prett fir dës Ännerungen ass, mir sinn et op alle Fall.

D’Erausfuerderung fir d’Persounen, déi sech dëst als Zil gesat hunn, ass stänneg a bewosst en Deel vum Gewënn opzeginn an dëst eben « zu Gonschten » vun der geliwwerter Qualitéit an « zu Gonschten » vun der Gesellschaft, der Mënschheet an dem Respekt.

Zitat vum Schrëftsteller Neale Donald Walsch :

« Wann s du eng Mooss wëlls, déi dir erlaabt ze beuerteelen, ob eng Saach nëtzlech fir d‘Mënschheet ass oder net, muss du dir just eng einfach Fro stellen:

Wat géif geschéien, wa jiddereen et maache géif ? »